Holzbänk – Iernzwee

Säit dem 17. Juni steet op der klenger Plaz virun der Apdikt zu Lënster (Iernzwee) eng Bänk aus engem Bamstamm.
Beim Holz handelt et sech ëm ee Bam aus dem Bëschbestand vun der Gemeng.
Des soll eng Virstellung gi wei vill Bësch an der Gemeng Jonglënster steet a wiisst. Sou ass um Schrëftzuch z’erkennen dass d’Bänk d’Quantitéit Holz ass wou an 2 Stonnen am Jonglënster Gemengebësch wiisst.