Highlight event

Klima- a Biodiversitéitsdag 2024

Fêtes & marchés / 12.05.2024

Kommt op den 2. regionale Klima- a Biodiversitéitsdag, den 12. Mee 2024 am Ressourcencenter Minsbech, organiséiert vum Ëmwelt-an Naturschutzsyndikat SIAS! Den Aarteverloscht an de Klimawandel sinn ontrennbar matenee verbonnen. Och wann dës Themen eis all betreffen, ass et net ëmmer einfach den Iwwerbléck ze behalen ... Wat huet d'Klima beispillsweis mat Energie, Ressourcen, Kreeslafwirtschaft, Landwirtschaft, Ernärung an Naturschutz ze dinn? Den ofwiesslungsräiche Programm vum Klima- a Biodiversitéitsdag mat Atelieren, Spiller, interaktive Stänn a Live Virträg bitt iech d'Méiglechkeet Äntwerten op dës Froen ze fannen a méi iwwer d'Klima an d'Biodiversitéit an enger agreabeler Atmosphär gewuer ze ginn. Vläicht fannt Dir och um Klimadag Iddie wéi dir mat klenge Schrëtt an ärem Alldag e groussen Ënnerscheed maache kënnt. De ganze Programm fir Grouss a Kleng fannt Dir op eisem Internetsite: www.klimadag.lu Wann Dir kënnt, maacht den éischte Schrëtt a probéiert ze Fouss, mam Vëlo, mam Zuch oder mam Bus op de Klimadag ze kommen. Et gëtt och e Shuttlebus vun der Gare Mënsbech op d'Evenementsplaz. Den Entrée zum Klima- a Biodiversitéitsdag ass gratis!

Date et horaire : 12.05.2024 10:00 - 17:00

Lieu : Recycling Munsbach, 12 rue Jacques Lamort, L-5365 Munsbach

Organisateur : Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS

Téléchargements

2024-KBD-1920x1005