DSC_1234

Modernt Wanderen

Publié le 24/03/2022

Et war virun eelef Joer, wou den Armand Schleich zu Buerglënster spadséiere gaangen ass an ënnerwee e Grupp Scoute begéint huet, deen net méi weider wousst. „Si hunn mech gefrot: Wouhi geet dee Wee hei, wouhin deen do? Ech hunn hinnen dunn de Wee erkläert. Ee vun de Scouten huet gefrot, firwat mir d’Wanderweeër net géifen zeechnen, bei där Mass, déi mir hunn. Dunn huet et bei mir Klick gemaach.“

De pensionéierten Awunner aus eiser Gemeng hat eng Iddi, an huet dës als éischt an der deemoleger Kulturkommissioun presentéiert. Op den éischte Kulturpad zu Buerglënster koumen zwee weiderer zu Guedber. Et gouf analyséiert, wéi eng Wanderweeër scho bestinn, wou een neier kéint maachen an et gouf eng Kaart gezeechent. „Am Laf vun der Zäit ass den Aarbechtsgrupp ëmmer méi kleng ginn“, seet den Armand Schleich. Trotzdeem sinn iwwer d’Joren esou ganzer 26 Wanderweeër an eiser Gemeng entstanen, mat enger Distanz vu méi wéi 250 km. Dobäi kennt nach e Mullerthal Extra Tour.

 

D'Iddi koum an Éisträich

An elo sinn d’Wanderweeër och nach digitaliséiert ginn. Zanter e puer Méint hänke bei historeschen oder archeologesche Sitten, bei Aussiichtspunkten oder op aneren interessante Plaze Schëlder mat QR-Coden. Wann Dir esou e Code mat Ärem Smartphone scannt, kritt Dir all néideg Informatiounen zu där Plaz matgedeelt – op däitsch, franséisch oder englesch. „Mat deem Projet si mir an der Groussregioun relativ wäit fir, vläicht souguer féierend“, seet den Armand Schleich.

D’Iddi, fir d’Wanderweeër an der Gemeng Jonglënster ze digitaliséieren, koum him an Éisträich: „Dat war kuerz, ier d’Pandemie ugefaangen huet. Ech hunn dat do gesinn. Meng éischt Propose war, en History-Trail unzeleeën, deen duerch déi ganz Gemeng géif féieren a wou een op déi historesch relevant Plazen dann esou Schëlder mat QR-Coden higesat hätt. Dat sollt funktionéiere wéi en Héierspill, et hätt een déi verschidde Legenden dann iwwert den Handy erzielt kritt.“

DSC_1691

De Jan Jensen, Armand Schleich a Gérard Larère (v.l.)

Dëst ëmzesetzen, wier awer zimmlech komplizéiert gewiescht – virun allem an dräi Sproochen. „Dofir wollte mir de Projet vereinfachen.“ Den Armand Schleich huet Kadasteren opgesat mat de verschiddenen interessante Punkten. „Dunn ass et op eemol och vun der Säit vun der Gemeng ganz séier gaangen.“ D’Texter hunn missen an dräi Sproochen ausgeschafft ginn. Den Armand Schleich huet déi méi wéi 100 Schëlder entworf, déi dunn op de verschiddene Plaze montéiert goufen, an dee ganze Contenu gouf an d’App vun der Gemeng Jonglënster agespeist. „Dat Ganzt huet sech Schratt fir Schratt entwéckelt.“

Wanderen am Joer 2022 – dat ass elo net méi einfach duerch de Bësch trëppelen an d’Beem oder d’Fielse kucken, mee et léiert een och eppes iwwer d’Gemeng an hier Geschicht. E Projet, an deen den Armand Schleich a säi Kolleeg Gérard Larère vill Aarbecht an hirer Fräizäit investéiert hunn, fir en zesumme mat den zoustännege Servicer vun der Gemeng ëmzesetzen. Si hunn d’Wanderweeër net just all entworf, se mussen ënnerhalen an d’Schëlder reegelméisseg gebotzt ginn. Och eppes, wou sech déi zwee Awunner drëm këmmeren, an enker Zesummenaarbecht mam Fieschter a mam Service Jardinage vun der Gemeng.

 

Vill Aarbecht

„De Gérard an ech maachen all Dënschdeg e Kontrollgang iwwer d’Wanderweeër“, erkläert den Armand Schleich. „Wann mir erkennen, dass eng Markéierung feelt oder ersat muss ginn, këmmere mir eis selwer dorëms. Wann awer lo zum Beispill e Bam am Wee läit, da soe mir entweder dem Fierschter oder der Gemeng Bescheed.“ Et wier awer ze vill fir den Armand Schleich an de Gérard Larère, fir permanent déi vill Wanderweeër ofzegoen: „Mir fueren se zwar och reegelméisseg mam Auto of, mee do gesäit een net esou vill Saachen, wéi zu Fouss.“

Dofir ass och de Jan Jensen an d’Ekipp dobäi gestouss, deen als begeeschterte Wanderer alt mol 40 oder 50 km den Dag mécht. Genau esou opwänneg ass d’Aarbecht doheem, um Computer: „Do ginn eng Rei Stonnen dofir drop.“ A wann nei Kaarte musse gezeechent ginn oder nei Flyere musse gemaach ginn, mécht den Armand Schleich dat och selwer – hien ass nämlech geléierte Grafiker. All Potto ass nummeréiert an op enger Kaart gouf festgehalen, wéi ee Potto mat wéi enger Nummer wou steet. Dat ass wichteg, wéi den Armand Schleich beschreift: „Wann enger Persoun am Bësch eppes géif passéieren, kann se dem CGDIS soen, bei wei engem Potto se ass. De CGDIS huet déi Kaart och, a weess dann direkt, wouhin e fuere muss.“

DSC_1756
DSC_1682
DSC_1518
DSC_1745
DSC_1684
DSC_1709
DSC_1706