AdobeStock_276327274

Mir spueren Energie / Nous économisons de l'énergie !

Publié le 12/10/2022

LU

D'Gemeng Jonglënster huet decidéiert, un der nationaler Energiespuercampagne deelzehuelen!

D'Lëtzebuerger Regierung rifft duerch dës Campagne all d'Acteuren, dorënner de Staat, d'Gemengen, d'Betriber an all Bierger, dozou op, opzepassen a solidaresch ze sinn, wat de rationale Gebrauch an d'Spuere vun Energie ugeet. Eist gemeinsaamt Zil ass et, op d'mannst 15% Energie ze spueren.

An der Gemengerotssëtzung vum 30. September 2022 huet de Gemengerot vu Jonglënster eestëmmeg decidéiert, déi follgend Moossnamen ze huelen, déi direkt ëmgesat ginn:

  • D'Zëmmertemperatur an de Gebaier vun der Gemeng (Gemengeverwaltung, Kulturzenter, Versammlungs- a Konferenzraim) gëtt op 20 °C ajustéiert, wärend den Zäite wou d'Raim benotzt ginn. An der Nuecht an um Weekend gëtt d'Temperatur ëm e puer Grad erofgesat.
  • D'Temperatur vun de Primärschoule gëtt op e Maximum vun 22 °C ajustéiert. Déi aktuell Temperatur an de Crèchë bleift um aktuellen Niveau.
  • D'Bannebeliichtung an de Gebaier vun der Gemeng gëtt op e Minimum limitéiert, am Respekt vun de Sécherheetsnormen an den ëffentleche Gebaier.
  • D'Baussebeliichtung vum Centre Culturel zu Jonglënster a vum Festsall vun der Gonnerenger Schoul ginn net méi ugemaach (ausser fir Feierlechkeeten oder Mäert).
  • D'Baussebeliichtung vun der Gemengeverwaltung gëtt ëm 23 Auer ausgemaach.
  • All d'Benotzer vun der Gemeng hire Gebaier ginn encouragéiert, keng Heizenergie a kee Stroum ze verschwenden.

 


 

Et ginn och aner Moossname geholl, déi e bësse méi Virbereedungszäit erfuerderen:

  • D'waarmt Waasser an der Gemeng hire Gebaier gëtt do, wou et net vun de Reglementer verlaangt gëtt oder fir d'Botzen néideg ass, zougedréint (z.B. Botze vun de Raimlechkeeten, Gemengenatelieren).
  • D'Participatioun un der nationaler Campagne fir d'ëffentlech Beliichtung tëschent 1 a 5 Auer nuets auszeschalte gëtt analyséiert.
  • D'Stroossebeliichtung gëtt méi séier duerch LED-Luuchten ersat an, wa méiglech, gëtt d'Méiglechkeet integréiert fir d'Intensitéit vun der Luucht ze variéieren.
  • Et gëtt analyséiert, ob d'Beliichtung vun de Fussballs- an Tennisterrainë kann duerch LED-Luuchten ersat ginn.
  • Déi zwee grouss Mazoutsheizkesselen, déi nach an de Schoule vu Gonnereng a Buerglënster funktionéieren, ginn esou séier wéi méiglech duerch spuersam Systemer op Basis vun erneierbaren Energien ersat.
  • Et ginn Energieoptiméierungsstudië vun deene Gebaier vun der Gemeng, déi am meeschten Energie verbrauchen, gemaach. D'recommandéiert Moossname ginn esou séier wéi méiglech jee no de budgetäre Méiglechkeete vun der Gemeng duerchgefouert.

    D'Gemeng appelléiert un Är Solidaritéit fir dass mir all gutt duerch dëse besonnesche Wanter kommen.

    Et gëtt eng Websäit mat villen Tipps fir et jidderengem ze erméiglechen, säin Energieverbrauch an d'Käschten dovunner ze reduzéieren. Gitt einfach op de Site: https://zesumme-spueren.lu/, rufft d'Hotline um 247 86 902 un oder scannt de QR-Code op der Affiche hei ënnendrënner.

    Dir kënnt eis Är Froen oder Kommentaren och op climat@junglinster.lu schécken.

 


 

FR

La commune de Junglinster a décidé de participer à la campagne nationale d’économies d’énergie !

Par cette campagne, le gouvernement luxembourgeois appelle à une vigilance immédiate et une solidarité de l’ensemble des acteurs, dont l’Etat, les communes, les entreprises ainsi que tout citoyen sur l’utilisation rationnelle et les économies d’énergie. Notre but commun est d’arriver à des économies d’énergie d’au moins 15 %.

Dans la séance du conseil communal du 30 septembre 2022, le conseil communal de Junglinster a décidé à l’unanimité des voix de prendre les mesures suivantes avec effet immédiat :

  • La température ambiante dans les bâtiments communaux (administration communale, centre culturel, locaux de réunion et de conférence) sera ajustée à 20°C pendant les plages d’occupation. Pendant la nuit et les Week-End, cette température sera abaissée de quelques degrés.
  • La température des écoles primaires sera ajustée à un maximum de 22°C. La température actuelle dans les crèches sera maintenue à son niveau habituel.
  • L’éclairage intérieur des bâtiments communaux sera limité à un minimum, dans le respect des consignes de sécurité dans les bâtiments publics.
  • L’éclairage extérieur du centre culturel à Junglinster et de la salle des fêtes de l’école de Gonderange ne sera plus allumé (sauf festivités ou marchés).
  • L’éclairage extérieur de l’administration communale sera éteint à 23h.
  • Tous les utilisateurs des bâtiments communaux seront incités à éviter tout gaspillage d’énergie de chauffage et d’électricité.

 


 

D’autres mesures nécessitant un peu plus de temps de préparation seront entreprises :

  • L’eau chaude dans les bâtiments communaux sera coupée là où elle n’est pas requise par des règlements ou nécessaire au nettoyage (nettoyage des locaux, ateliers communaux p.ex.)
  • La participation à la campagne nationale de coupure de l’éclairage public entre 1h00 et 5h00 est étudiée.
  • Le rythme de remplacement de l’éclairage routier par des lampes LED sera augmenté en intégrant, dans les mesures du possible, la possibilité de pouvoir varier l’intensité lumineuse.
  • Le remplacement de l’éclairage des terrains de football et de tennis par de l’éclairage LED est étudié.
  • Les 2 grandes chaudières à mazout fonctionnant encore dans les écoles de Gonderange et Bourglinster seront remplacées au plus vite par des systèmes économes et basés sur des énergies renouvelables.
  • Des études d’optimisation énergétique des bâtiments communaux consommant le plus d’énergie seront réalisées. Les mesures conseillées seront réalisées au plus vite en fonction des possibilités budgétaires de la commune.

    La commune vous appelle à votre solidarité afin de pouvoir bien passer cet hiver particulier.

    Un site internet rassemble de nombreux astuces pour permettre à tout un chacun de réduire sa consommation d’énergie et les factures y afférentes. Visitez simplement : https://zesumme-spueren.lu/, appelez la hotline au n° 247 86 902 ou scannez le code QR sur l'affiche ci-dessous.

    N’hésitez pas non plus d’écrire vos questions ou remarques à climat@junglinster.lu.

 

Téléchargements