20250620_Junglinster_CI Lenster Maart_FB_Event Cover

Lënster Maart - Programm, Navette, AnimaKIDS

Publié le 08/09/2025

De Lënster Maart zu Jonglënster ass zréck, an dat den 19. an 20. September an der rue du Village zu Jonglënster! Eng flott Mëschung aus traditionelle Maartstänn, guddem Iessen a Gedrénks an engem musikaleschen a kulturellen Animatiounsprogramm.

 

📅 Datum an Auerzäit

Freideg, 19. September 2025:

16h00 – 23h00

Samschdeg, 20. September 2025:

  • 🛍️ Maartstänn: 10h00 – 18h00
  • 🍔 Iess- a Gedrénksstänn: 10h00 – 20h00

 

 

🎶 Programm

Freideg, den 19. September

  • 16h00 – 19h00: DJ Davi-D
  • 17h00: Ouverture officielle
  • 19h00 - 20h45: Mini-Disco (AnimaKIDS)
  • 19h00 – 20h30: Combo The Becksters
  • 21h00 – 22h30: Serge Tonnar & Band

 

Samschdeg, den 20. September

  • 11h00 – 11h45: Bierger Musek
  • 12h15 – 13h00: Divertimento
  • 13h00 – 16h30: DJ Davi-D
  • 13h15 – 14h00: Magiershow (AnimaKIDS)
  • 14h00 – 14h45: Iceclic
  • 15h00 – 15h45: Magiershow (AnimaKIDS)
  • 16h00 – 18h00: Dëppegéisser
  • 18h00 – 20h00: DJ Flex Orlando

 

 

👧🧒 AnimaKIDS

Eis kleng Gäscht kënnen sech am Animatiounseck „AnimaKIDS“ ameséieren!

  • Magieroptrëtter 🪄
  • Mini-Disco 💃🕺
  • Facepainting 🎨
  • Sprangschlässer 🏰
  • an nach vill aner flott Iwwerraschungen 🎈

 

 

🚌 Navette

Fir einfach an ouni Stress op de Lënster Maart ze kommen, kënnt dir eng gratis Navette benotzen. D'Parkinge ronderëm de Lënster Maart sinn nämlech gréisstendeels fir d'Awunner aus der rue du Village an d'Aussteller gespaart. 

🚗Parkingen:

  • P+R Um Lënster Bierg (Um Rossbuer)
  • Centre Polyvalent Gaston Stein
  • rue de la Gare (op 150 m vum Lënster Maart)

🕒 Fuerplang:

  • Freideg, den 19.09: 16h00 – 23h30, all 15 Minutten
  • Samschdeg, den 20.09: 10h00 – 20h30, all 15 Minutten