DSC_0597

Entweder/Oder mam Tom Weber

Publié le 10/12/2022

Musek oder Sport?

Éischter Sport. Ech lauschteren zwar ganz gäre Musek, mee hat als Kand net d’Geleeënheet, en Instrument ze léieren. Meng Kanner léieren am Moment en Instrument, dofir weess ech, wat fir en Engagement dat ass. De Sport erlaabt et mir, de Kapp fräi ze kréien, och wann ech es am Moment net esou vill maachen, wéi ech gäre well.

Theater oder Kino?

Kino. Ech bewonneren zwar d’Engagement vun de Leit, déi Theater spillen, mee ech genéissen et awer méi, mat de Kanner an de Kino ze goen. Déi Ambiance, de groussen Ecran an de Popcorn – dee Package fannen ech dann awer méi flott.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Well ech am Beruff ganz vill liesen, profitéieren ech owes dovun, Televisioun ze kucken a mech ze entspanen oder ze informéieren. Niewent dem Bett leit awer och ëmmer e Buch, wou ech zwar ëmmer nëmme puer Säite packen. An der Vakanz profitéieren ech dofir dovun och mol méi ze liesen.

Häerz oder Kapp?

Do ginn ech eng typesch Juristenäntwert: Et hänkt dovun of. Et gëtt Decisiounen, déi kann ee just mam Kapp huelen. Awer et ass och heiansdo mol wichteg, bei der Decisioun d’Häerz ze berécksiichtegen.

Summer oder Wanter?

Kloer de Summer. Do kann een dobaussen, d'Natur genéissen, dobaussen iessen a mat de Kanner spillen. Dat ass fir mech méi schéi wéi de Wanter.

Bierger oder Plage?

Plage. Als Kand hat ech d’Chance, fir am Summer kënnen an Italien ze goen, wou och eng Zäit fir d‘Plage war. Déi Erënnerunge sinn nach immens present. Elo gi mir am Summer mat de Kanner a Südfrankräich un d‘Mier, wou si och vun der Plage profitéieren, wat immens schéin ass.


Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Ganz vill Onlinemedien, well se einfach immens present sinn. Ech hunn do Abonnementer fir auslännesch Noriichtesäiten. Ech hunn awer och en Abonnement bei enger Lëtzebuerger Wochenzeitung, dem „Lëtzebuerger Land“, wat mir et erlaabt, mech iwwert déi wichteg Saachen am Land ze informéieren. Déi liesen ech dann de Weekend, wann ech méi Zäit hunn.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Ech géif gär laang schlofen, mee mat de Kanner ass dat nëmmen heiansdo méiglech. Dofir profitéieren ech an der Vakanz dovun, fir méi laang ze schlofen an Energie ze tanken.

Katz oder Hond?

Mir hunn béides, als Kand hat ech awer ni en Hausdéier. Ech hunn eng liicht Präferenz fir Kazen, well déi hiren eegene Kapp hunn. Den Hond mécht dat, wat e geléiert gëtt, wat zwar och flott ass. Enger Kaz kanns de dat net bäibréngen, déi mécht, wat se well. Da si së awer och mol ganz verschmuust. Am Fong ass béides schéin.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Kaffi drénken. Och well an der Woch ganz wéineg Zäit dofir do ass, profitéieren ech um Weekend oder an der Vakanz dovun, fir mat der Famill méi laang gemittlech Kaffi ze drénken. D’Mëttegiessen ass éischter niewelaanscht, zumindest an der Woch wann ech schaffen.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Ech hunn d’Ambiance vu Chrëschtdag immens gären an et ass d’Zäit, fir mat der Famill schéi Momenter ze verbréngen. Silvester respektiv Neijoerschdag ass ëmmer bësse méi forcéiert.

 

Tom Weber
Alter: 41 Joer
Beruff: Jurist
Partei: CSV
Wunnuert: Eescheler
Gemengeconseiller zanter 2017