TChergui

Entweder/Oder mam Tarik Chergui

Publié le 10/03/2022

Musek oder Sport?

Ech géif éischter soe Sport. Ech kucke gäre Fussball oder Ekippesport am Allgemengen. Et gëtt awer och näischt méi Schéines, fir nom Sport schéi Musek ze lauschteren, fir dobäi ze entspanen.

Theater oder Kino?

Kino. D’Technologie huet sech immens weiderentwéckelt, a sou kann een do e ganze Koup Spezialeffekter kreéieren. Dat erlaabt engem och, e bëssen ze dreemen.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

D’Televisioun kucken, awer virun allem déi bildend Programmer a Sendungen, wéi zum Beispill Dokumentatiounen iwwer d’Natur an d’Geographie. Besonnesch an dëse Covid-Zäiten erlaabt dat engem et, mat sengem Geescht duerch d’Welt ze reesen, ouni sech mussen ze deplacéieren.

Häerz oder Kapp?

Dat ass eng ganz gutt an interessant Fro, op déi ech philosophesch well äntweren. Et muss een ëmmer e gewëssene Verstand a Vernonft hunn a gutt nodenken, ier ee mat sengem Häerz reagéiert. Et muss een awer och vill Häerz hunn, fir mam Kapp ze reagéieren. Et gëtt net dat eent ouni dat anert, béid si matenee verbonnen.

Summer oder Wanter?

Ech géif soen, ëmmer d’Enn vun enger Joreszäit, an der Erwaardung vun där neier Joreszäit. Um Enn vum Summer hofft een op e schéinen Hierscht oder Wanter. All Joreszäit ass eenzegaarteg an dréit eis an eng nei Joreszäit eran. Wann ech awer elo eng misst wielen, géif ech soen: de Wanter. Well da kann ech nämlech vum Fréijoer a vum Summer dreemen.

Bierger oder Plage?

Ech hunn ëmmer gréisstendeels a Stied gewunnt, déi um Mier waren, wéi Dakar oder Casablanca. D’Mier war en Deel vun eisem Alldag. Dofir géif ech éischter soe Plage. D’Mier ass wichteg fir den Equiliber, et erlaabt engem, ofzeschalten an sech e bësse Rou ze gënnen.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Am aktuelle Kontext éischter d’Onlinemedien, well ech mech sou ganz schnell informéieren an sou och séier reagéiere kann. Dat ass an dësen Deeg ganz wichteg.

2017_Chergui_Tarik

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Ech mengen, d’Leit an der Gemeng wëssen, dass ech ganz, ganz fréi opstinn. Ech fänke moies fréi un mat schaffen, als Dokter hunn ech da scho meng éischt Consultatiounen.

Katz oder Hond?

Ech hunn am Moment weder eng Katz, nach en Hond. Mir hunn eng Kanéngchen doheem, déi mengem Bouf gehéiert. Ech fannen et och flott, mat mengem Bouf a senger Kanéngchen Zäit ze verbréngen.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Eigentlech gëtt all Iessenszäit engem d’Méiglechkeet, agreabel Momenter mat der Famill ze verbréngen. Mee virun allem d’Mëttegiessen ass flott, wann d’Kanner aus der Schoul erëm kommen.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Ech géif soe Chrëschtdag. Dat ass e waarmhäerzegen, sentimentalen Dag, deen ech wierklech gär hunn. Neijoerschdag geet et méi em d’Feieren. Dofir géif ech mech éischter fir Chrëschtdag entscheeden.

 

Tarik Chergui

Alter: 45 Joer
Beruff: Dokter
Partei: DP
Wunnuert: Jonglënster
Gemengeconseiller zanter 2017