DSC_0687

Entweder/Oder mam Raymond Schintgen

Publié le 14/08/2022

Musek oder Sport?

Ier ech mäin Accident hat, hunn ech vill Musek gemaach. Zanter datt ech am Rollstull setzen, maachen ech awer méi Sport. Dat ass fir mech net just eng gutt Reeducatioun, mee och eng Méiglechkeet, fir ofzeschalten.

Theater oder Kino?

Ganz kloer Kino, och wann ech ganz seelen dohi ginn. Wann awer interessant Filmer lafen, ginn ech léiwer an de Kino wéi an den Theater, och wann ech ganz vill Respekt hunn virun deene Leit, déi den Theater organiséieren.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Éischter Televisioun kucken. Ech kucke virun allem international Noriichten, well ech ëmmer well um aktuelle Stand sinn. Och Dokumentatioune kucken ech mir ganz gären un.

Häerz oder Kapp?

D’Decisioun huelen ech éischter mam Kapp, probéieren awer, mech virdru mam Häerz an d’Situatioun vun den anere Leit ze versetzen.

Summer oder Wanter?

Summer, well déi Deeg méi agreabel a méi laang sinn, an een esou och méi laang kann dobausse bleiwen an an der Natur setzen. Ech hunn awer och näischt géint e schéinen, kale Wanterdag.

Bierger oder Strand?

Éischter Bierger. Et ass fir mech ëmmer impressionant, wann een d’Bierger an d’Natur ronderëm gesäit. Wann een do wandere geet, huet ee méi seng Rou. Ech war an de leschte Joren oft am Allgäu ënnerwee. Mir gefält et ganz gutt do, virun allem zu Oberstdorf, wou et vill Méiglechkeete ginn, fir spadséieren ze goen. De Strand ass éischter eppes fir ze entspanen, do fueren ech awer och alt emol hin – un d’Ostsee oder op d’Belsch Plage. Do fannen ech et ganz agreabel.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Ech sinn éischter een, deen nach di klassesch Zeitung liest. Dat reizt mech einfach méi. Onlinemedie kucken ech mir un, wann ech well séier um aktuelle Stand sinn.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Dat hänkt vu mengem Kierper of, op deen ech ganz vill lauschteren. Wa mäi Kierper mir weist, dass et em u Schlof feelt, da sinn ech een, dee gäre mol laang schléift. E gesonde Schlof dréit zu engem gudde Gefill bäi.

Katz oder Hond?

Ech hunn weder eng Katz, nach en Hond. Viru Joren hate mir eng Katz. Ech hunn näischt géint d’Déieren, déi eng si mir esou léif wei di aner. Do hunn ech keng Preferenz.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Well ech ganz seele Moies Kaffi drénken, profitéieren ech dann an der Mëttegstonn, och wann se kuerz ass, fir do gemitterlech eppes ze iessen. Besonnesch gären hunn ech Fësch a Paschtéit. Ech huele just d’Haaptmoolzecht zou mer. Ech ernäre mech nom Prinzip vum Intervallfaaschten, dat heescht ech iesse moies an owes praktesch ni eppes. Dat huet bis elo gutt funktionéiert an esou kann ech de Kierper an engem gudde Gläichgewiicht halen.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Ech hunn u sech déi zwee Deeg gären. Et ass den Ofschloss vum Joer, an där Zäit kann ee mat de Kolleegen an der Famill e puer agreabel Momenter verbréngen, fir d’Joer ofzeschléissen.



Raymond Schintgen

Alter: 51 Joer
Beruff: Staatsbeamte beim Ministère du Logement
Partei: LSAP
Wunnuert: Gonnereng
Gemengeconseiller zanter 2011