Ben Ries

Entweder/Oder mam Ben Ries

Publié le 13/06/2022

Musek oder Sport?

Do géif ech soe Sport. Ech war fréier ze faul respektiv hat Angscht, fir an de Solfège ze goen. Meng Schwëster hat nämlech Musek gemaach, an do hunn ech gesinn, wéi schwéier dat ass. Ech ginn awer ganz gär Concerte lauschteren, virun allem vun de Museksveräiner hei aus der Gemeng, dann deet et mer ëmmer leed, dass ech selwer keen Instrument spillen. A menger Jugend war ech zéng Joer laang am Tauchclub. Ech well elo rëm méi Vëlo fueren a kucken och gär grouss Sportsevenementer op der Televisioun, wéi zum Beispill den Tour de France.

Theater oder Kino?


Kino. An den Theater sinn ech net oft gaangen, a menger Jugend awer ganz gär am Kino. Ech mengen awer, déi leschte Kéier, wou ech do war, ass schonn zéng Joer hier. Meng Fra geet nämlech guer net gär an de Kino, an eleng ginn ech dann och net.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?


Dat hänkt dervun of. Ech hunn just an der Vakanz Zäit, fir e Buch ze liesen, wann ech reesen. Heiheem hunn ech ëmmer eppes ze schaffen. Zanter d’Pandemie ugefaangen huet, kucken ech vill Televisioun. Ech kucken d’Noriichten oder och ganz gär Dokumentatioune mat mengem Bouf.

Häerz oder Kapp?


Ech géif soe ganz vill Kapp. Woubäi ech mer oft duerno soen, hei hätt och kennen d’Häerz entscheeden. Mais leider ass et ganz oft de Kapp.

Summer oder Wanter?


Definitiv Summer. Et ass méi schéin dobaussen. Et ass alles gréng, et kann ee vill dobausse schaffen oder spillen. Ech gi gär am Summer an d’Vakanz, woubäi mir elo mat de Kanner och am Wanter ginn, fir Schlitt ze fueren. Dat hunn ech soss awer ni gemaach.

Bierger oder Strand?


Éischter Strand. Ech hat d’Gléck, als Kand all Summervakanz bei de Strand kennen ze fueren. Dat huet mech immens markéiert. Ech kucken, all Joer am Summer op d’Plage ze kommen, ech ginn zum Beispill ganz gär an den Oste vu Mallorca. An de leschte Jore si mir mat de Kanner awer och ëfters an de Schwarzwald gefuer. D’Bierger wäerten dofir an Zukunft eng méi grouss Roll spillen.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?


Ganz vill Onlinemedien, leider. Ech hunn de "Spiegel" an d’"Zeit" abonéiert, also éischter auslännesch Medien. Déi national Medie liesen ech kaum, ausser wann mol eppes iwwert eis Gemeng drasteet. Ech hunn awer wëlles, an Zukunft d’Zeitung "Lëtzebuerger Land" ze abonéieren, fir eng Kéier d’Woch rëm eng klassesch Zeitung ze liesen.

Fréi opstoen oder laang schlofen?


Mat zwee klenge Kanner ass ee relativ fréi op de Been. Spéitstens um 6 Auer muss een opstoen, ob an der Woch oder um Weekend. Ech war zwar ni e Laangschléifer, mee et wier och mol flott, eng Kéier bis 7 Auer kenne leien ze bleiwen.

Katz oder Hond?


Definitiv Hond. Ech sinn dat vu klengem un gewinnt. Wou ech kleng war, hate mir zwee Hënn, dat ware richteg Familljememberen. Och lo hunn ech en Hond. Ech kenne kee Liewen ouni a ka mer et och net richteg virstellen.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?


Ech hunn béides ganz gär. Ech maachen ëmmer gären eng Kaffispaus, och nom Mëttegiessen. Ech muss mäin Kaffiskonsum awer e bësse reduzéieren.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?


Do kann ech mech net entscheeden. Déi zwee si flott. Chrëschtdag kann een een, zwee Deeg laang d’Loft erausloossen. Dat genéisst ee méi, et hellt een sech Zäit, fir ze iessen a mat der Famill ze schwätzen. Neijoerschdag geet et méi em d’Feieren, bis méi laang an d’Nuecht eran. Dat ass och flott, do mat Kolleegen an de Kanner ze feieren.

 

Ben Ries
Alter: 38 Joer
Beruff: Proff an der Ekonomie
Partei: DP
Wunnuert: Gonnereng
Gemengeconseiller zanter 2017
Schäffen zanter 2020