Klimabonus Roadshow
Conférences / 28.10.2026
Erneierbar Energien an Heizung, Isolatioun an Elektromobilitéit.
Huelt un enger vun den Informatiounsveranstaltunge vu Klima-Agence deel an entdeckt, firwat elo de richtege Moment ass, Äre Projet ëmzesetzen a wéi Dir vu de neie Klimabonus Subside profitéiere kënnt.
☀️ Solaranlag, 🌱 Wärmepompel, 🏠 Isolatioun oder ⚡ Elektromobilitéit: Et gëtt schonn haut konkret Léisungen, mat deenen Dir Är Resilienz stäerke kënnt an Är Energiekäschte reduzéiere kënnt.
Gitt op dëse Informatiounsveranstaltunge gewuer:
- Wéi eng Léisunge fir Äert Doheem a Fro kommen;
- Firwat elo de richtege Moment ass, Äre Projet ëmzesetzen;
- Wéi eng Subside de Klimabonus bitt;
- Wéi Dir Äre Projet am beschte virbereet an ëmsetzt.
📢 D’Presentatioun ass op Lëtzebuergesch. Eng Iwwersetzung op Franséisch an Englesch gëtt op der Plaz ugebueden.
📍 28. Oktober – Jonglënster, Centre Polyvalent Gaston Stein
1, rue Emile Nilles, L-6131 Jonglënster
🕡 18:30 Auer
👉 Méi Informatiounen: https://www.klima-agence.lu/de...
Date et horaire : 28.10.2026 18:30
Lieu : Junglinster, Centre Polyvalent Gaston Stein
Organisateur : Klima-Agence