Sendemasten zu Jonglënster - Informatioun un d'Biergerinnen an d'Bierger
Publié le 03/08/2026
Matdeelung vun der Gemeng
Déi dräi Sendemasten an déi betraffen Terrainen si Privatbesëtz.
Am Joer 2022 huet den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA), respektiv de Kulturministère, decidéiert, déi dräi Sendemasten net ënner Denkmalschutz ze stellen.
Un der historescher Anlag bleiwen awer Elementer geschützt: D'Haaptgebai souwéi déi dräi Killbasenge stinn ënner Denkmalschutz a bleiwen domat erhalen.
De Proprietär huet decidéiert, d'Sendemasten ofzebauen. Säit längerer Zäit sinn d’Installatiounen net méi am Gebrauch. De finanziellen Opwand fir den Ënnerhalt ass immens héich an trotz de bestoende Sécherheetsmesure klammen ëmmer nees Persounen op d'Masten, wat e wesentleche Sécherheetsrisiko duerstellt.
Den Ofbau ass iwwregens net un d'Realisatioun vun engem spéideren, eventuelle, Bauprojet gekoppelt. D'Sendemasten ginn also ofgebaut, onofhängeg dovun, ob an Zukunft op dësem Terrain en anere Projet realiséiert ka ginn oder net.
D'Demande fir den Ofbau vun de Sendemaste gouf vun der Gemeng no de gëltege gesetzlechen a kommunale Bestëmmunge gepréift. D'Gemeng trëfft hir Decisiounen op Basis vum Plan d’aménagement général (PAG), dem Plan d’aménagement particulier (PAP), dem Bautereglement an den anere gesetzleche Virschrëften.
Wann eng Demande all dës Bestëmmungen erfëllt, ass d'Gemeng verflicht, déi entspriechend Autorisatioun auszestellen. Si kann engem Proprietär net ouni gesetzlech Grondlag verbidden, eng privat Infrastruktur ofzebauen. Eng Autorisatioun ouni rechtleche Grond ze refuséieren, wier net konform mam Gesetz a kéint juristesch Konsequenze fir d'Gemeng hunn.
D'Gemeng versteet, datt d'Sendemasten fir vill Biergerinnen a Bierger eng besonnesch Bedeitung hunn an en Deel vun der Geschicht vu Jonglënster duerstellen. Si ass awer verflicht, hir Decisiounen op Basis vun de gesetzleche Virschrëften an de jeeweilege Kompetenzen ze huelen.
Wéi geet et elo weider mam Site "um Bichel"?
Onofhängeg vum Ofbau vun de Sendemasten gëtt et nach keng Decisioun, ob a wéi de Site an Zukunft entwéckelt gëtt.
D'Gemeng huet zesumme mam Ministère fir Logement an Aménagement du territoire eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d'Entwécklung vum Site « um Bichel » ze analyséieren. Am Kader dovu gëtt als éischt e Masterplang ausgeschafft. Dofir schaffen Urbanisten, Ingenieuren an aner Fachleit zesummen, fir verschidde méiglech Entwécklungsszenarien auszeschaffen. Och d'Proprietären, d'Biergerinnen a Bierger ginn an dëse Prozess mat agebonnen.
Et handelt sech ëm eng Etapp, an där gepréift gëtt, wat op dësem Site iwwerhaapt méiglech a sënnvoll ass.
Ob de Site enges Daags wierklech entwéckelt ka ginn, hänkt vun enger Rei wichtege Konditiounen of. Besonnesch mussen nach grëndlech Etüde gemaach ginn iwwer:
• d'Kapazitéit vun den techneschen Infrastrukturen (Drénkwaasser, Ofwaasser a Reewaasser),
• d'Mobilitéit an déi domat verbonne Verkéiers- a Kaméidiaspekter,
• souwéi d'Kapazitéite vun den ëffentlechen Infrastrukturen, wéi Schoulen, Maison-relaisen, Crèchen an aner kommunal Servicer.
Eréischt wann dës Analysen ofgeschloss sinn an eng positiv Conclusioun erlaben, kann iwwer déi méiglech Weiderentwécklung vum Site decidéiert ginn. No aktuellem Stand ass domat net virun Enn 2028 ze rechnen.