Lënster Maart - Programm, Navette, Kids Corner
Publié le 22/09/2026
De Lënster Maart zu Jonglënster ass zréck, an dat den 25. an 26. September an der rue du Village zu Jonglënster! Eng flott Mëschung aus traditionelle Maartstänn, guddem Iessen a Gedrénks an engem musikaleschen a kulturellen Animatiounsprogramm.
Nei dëst Joer: Floumaart um Lënster Maart!
Samschdes, den 26. September, kënnt Dir nieft de Maartstänn och duerch de Floumaart bummelen an no flotte Second-Hand Schätz sichen. 

📅 Datum an Auerzäit
Freideg, 25. September 2026:
16h00 – 23h00
Samschdeg, 26. September 2026:
- 🛍️ Maartstänn & Floumaart: 10h00 – 18h00
- 🍔 Iess- a Gedrénksstänn: 10h00 – 20h00
🎶 Programm
Freideg, den 25. September
- 16h00 – 19h30: DJ Davi-D
- 17h00: Ouverture officielle
- 19h00 - 21h00: Mini-Disco (Kids Corner)
- 20h00 – 23h00: Simply 2
Samschdeg, den 26. September
- 11h00 – 11h45: Divertimento
- 12h00 – 13h00: Bierger Musek
- 13h00 – 20h00: DJ Davi-D
- 13h30 – 14h00: Magiershow (Kids Corner)
- 14h00 – 14h20: Linedance
- 14h30 – 15h00: Lumaband
- 15h00 – 16h30: Combo Becksters
- 16h30 – 17h00: Magiershow (Kids Corner)
- 17h00 – 17h30: Lumaband
👧🧒 Kids Corner
Eis kleng Gäscht kënnen sech am Kids Corner ameséieren!
- Magieroptrëtter 🪄
- Mini-Disco 💃🕺
- Facepainting 🎨
- Sprangschlässer 🏰
- an nach vill aner flott Iwwerraschungen 🎈
🚌 Navette
Fir einfach an ouni Stress op de Lënster Maart ze kommen, kënnt dir eng gratis Navette benotzen. D'Parkinge ronderëm de Lënster Maart sinn nämlech gréisstendeels fir d'Awunner aus der rue du Village an d'Aussteller gespaart.
🚗Parkingen:
- P+R Um Lënster Bierg (Um Rossbuer)
- Centre Polyvalent Gaston Stein
- rue de la Gare (op 150 m vum Lënster Maart)
🕒 Fuerplang:
- Freideg, den 19.09: 16h00 – 23h30, all 15 Minutten
- Samschdeg, den 20.09: 10h00 – 20h30, all 15 Minutten