DSC_2213

Entweder/Oder mam Romain Reitz

Publié le 13/07/2022

Musek oder Sport?

A menger Jugend, hunn ech béides gemaach. Ech hunn mat Freed Saxophon gespillt an der Fanfare zu Léiler. Ech hunn Handball gespillt beim CHEV Dikrech, a Fussball beim FC Montagnards Wäiswampech. Dat war ëmmer spannend um Weekend, fir déi zwou Saachen ënnert een Hutt ze kréien. Duerno hunn ech meng Kanner begleet, wéi d’Liz Musek gemaach huet, respektiv de Chris, deen seng ganz Jugend zu Lënster Fussball gespillt huet.

Theater oder Kino?


Als Jugendlechen hunn ech selwer Theater gespillt. Dofir éischter Theater. Elo hunn ech awer net vill Zäit, weder fir an de Kino nach fir an den Theater ze goen.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Am léifste liesen ech Bicher,op däitsch a franséisch. Bei engem gudde Buch kann een seng Imaginatioun besser spille loossen. Op der Televisioun kucken ech virun allem Noriichten, Informatiounssendungen a Sport.

Häerz oder Kapp?

Am Wichtegsten ass de Kapp. Als Buergermeeschter muss ech déi richteg Entscheedungen treffen, och wann et heiansdo schwéier ass, well d’Häerz eppes aneres seet. Dat ass heiansdo komplizéiert. Ech sinn e Mënsch, dee ganz vill mam Häerz schafft, mee Entscheedunge musse mam Kapp getraff ginn.

Summer oder Wanter?

Summer, well den Dag méi laang ass an ee méi ënnerhuele kann. Do kann ech wanderen an d’Natur erliewen a genéissen. Aktuell si mir mat Frënn ënnerwee fir eist schéint Land besser kënnen ze léieren a wanderen iwwert déi 198 AP-Trëppelweeër. De Wanter ass eng méi roueg Zäit.

Bierger oder Plage?

Ganz kloer Bierger. Do kann ech an der frëscher Loft an an der Natur sinn. Ech gi ganz gär a Südtiroul oder an de Schwarzwald wanderen. D’Plage ass net esou menges, well ech net gären an der Sonn leien.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Moies beim Kaffi Zeitung ze liesen ass flott, fir sech op de leschte Stand ze bréngen. Soss iwwert den Dag gekuckt sinn et awer éischter d’Onlinemedien.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Fréi opstoen. Wat ee méi fréi opsteet, wat ee méi vum Dag huet. Et kann een sech besser organiséieren. Mäin Dag huet schonn net genuch Stonnen.

Katz oder Hond?

Léiwer en Hond. Ech hat e Juegdhond, mat deem ech vill Zäit verbruecht hunn. En Hond ass méi unhänglech an trei.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Béides. Ech fänke Moies gären un mat engem gudde Kaffi. Mëttegiessen ass flott, fir mat der Famill Zäit ze verbréngen. Awer owes ginn ech gäre mat menger Fra a Frënn an e gudde Restaurant, fir gemittlech eppes ze iessen a bei engem gudde Patt ze diskutéieren. Ech probéiere ganz gären nei Restauranten aus.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Chrëschtdag ass fir mech méi wichteg, well et e Fest vun der Famill ass, wou mir zesumme gemittlech Stonne matenee kënne verbréngen. Dat ass mir ganz wichteg. Et ass d’Zäit fir nozedenken, an sech bewosst ze sinn, et gi vill Leit, deenen et net esou gutt geet wéi eis. Neijoerschdag selwer ass fir mech net esou wichteg.

 

Romain Reitz
Alter: 65 Joer
Beruff: Ingenieur
Partei: CSV
Wunnuert: Gonnereng
Gemengeconseiller zanter 2003
Schäffen zanter 2007
Buergermeeschter zanter 2015