DSC_1792

Entweder/Oder mam Raphaël Schmitz

Publié le 16/09/2022

Musek oder Sport?

Aktuell éischter Sport. Vu Kand un a bis haut kanaliséieren ech meng Energie beim Schwammen, Fussball, Vëlo oder Lafen. Vun der Musek sinn ech awer och begeeschtert. Ech hat schonn an der Vergaangenheet Kueren an der klassescher Gittar geholl a well domat weiderfueren oder Bandoneon léieren.

Theater oder Kino?

Ech hunn eng liicht Präferenz fir den Theater. D’Erliefnis an de Kontakt mat den Acteuren ass onmëttelbar, spontan a kann iwwerraschend ginn. Den Theater gëtt och net oder manner zenséiert wéi grouss Kinosproduktiounen.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Vu Kand un liesen ech gären a gouf deemools gepackt vum Jules Verne sengem Buch „In 80 Tagen um die Welt“. Am Moment liesen ech e faszinéierend Buch iwwert den Ursprong an d’Entwécklung vun de Gesellschaftsformen.

Häerz oder Kapp?

D’Häerz gëtt d’Richtung fir an de Kapp decidéiert. Perséinlech sinn ech mat ze vill Häerz och scho bäigelaf, mee dat gehéiert eben zum Liewen. Et ass schwéier soen, mee Decisioune sollt ee mam Kapp huelen. D’Häerz ass awer dat, woumadden ech meng Saachen eraussichen a mat deem ech mech befaassen.

Summer oder Wanter?

Summer. Et ass d’Zäit vun der Vakanz, d’Deeg si laang an d’Leit komme méi beieneen. Am Summer profitéieren ech gären, fir Vëlo ze fueren, lafen oder mat der Famill spadséieren ze goen, awer och ze tauchen.

Bierger oder Plage?

Och wann ech mam Vëlo gären d’Bierger eropfueren oder do spadséiere ginn, fillen ech mech als Taucher ganz enk mam Mier verbonnen. Wann ech duerch dat Element schwiewen, aus deem all Liewe kënnt, an déi Welt op mech wierke loossen, spieren ech e staarkt Gefill vu Gléck a vu spiritueller Verbonnenheet. Ier mäi klenge Bouf op d’Welt koum, ware mir oft an Ägypten tauchen. Mir haten och eng Dramvakanz a Papua-Neuguinea, wou d’Ënnerwaasserwelt nach praktesch onberéiert ass. Dat war mat dat Schéinst, wat mir bis elo erlieft hunn.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Ech liesen am léifsten Zeitung bei engem gudden Espresso. Ech klasséieren och verschidden Zeitungsartikelen un deenen ech mech inspiréiere kann, wéi politesch Saachen an de Beräicher Ëmwelt, Sport a Kannerentwécklung. Onlinemedie kucken ech iwwert den Dag, fir kuerz a knapp informéiert ze sinn.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Mat eisem klenge Kand stellt sech déi Fro säit dräi Joer net méi.

Katz oder Hond?

Do hunn ech keng Präferenz. Ech hat béides. Well meng Fra um Land mat Hénger grouss ginn ass, denke mir doriwwer no, eis Hénger unzeschafen.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Gemitterlech Kaffi drénke mat der Famill an dobäi Zeitung liese gehéieren zu menge schéinste Momenter an der Woch. Dofir hunn ech awer just um Weekend Zäit.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Chrëschtdag hunn ech am léifsten, fir no der Mass mat der Famill zesummen ze kommen an ze feieren.

 

Raphaël Schmitz
Alter: 48 Joer
Beruff: Ergotherapeut
Partei: CSV
Wunnuert: Guedber
Gemengeconseiller zanter 2017
Schäffen zanter 2022