DSC_1637

Entweder/Oder mam Philippe Trierweiler

Publié le 10/11/2022

Musek oder Sport?

Dat sinn 2 Saachen, déi a mengem Liewen eng wichteg Roll gespillt hunn. Ech hunn ëmmer ganz vill Musek gemaach a Cello gespillt. Ech war och 20 Joer laang sportlech aktiv als Arbitter am Fussball. Momentan ginn ech nach Arbitteren iwwerwaachen a betreien.

Theater oder Kino?

Éischter Kino. Ech gi gär mat menger Fra an de Kino, respektiv och mat mengem Meedche Kannerfilmer kucken, déi ech lo rëm entdecken.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Televisioun. Ech si frou, fir owes mol bei engem Krimi ze entspanen.

Häerz oder Kapp?

Dat ass eng ganz interessant Fro. Ech probéieren ëmmer, eng gewëssen Empathie ze entwéckelen, fir d’Leit ze verstoen. Do brauch een Häerz. Entscheedunge sollten awer éischter mam Kapp geholl a gutt duerchduecht sinn.

Summer oder Wanter?

Su e waarme Summer wéi dëst Joer bekënnt mir net esou gutt. Ech sinn trotzdeem éischter e Frënd vum Summer. Ech fannen awer och, dass all déi véier Joreszäite spannend, interessant sinn an hire Reiz hunn.

Bierger oder Plage?

Ech si keen, deen de ganzen Dag kann op der Plage leien, dofir d’Bierger. Ech war lo dëse Summer säit laangem rëm an de Bierger, an dat huet mir richteg gutt gedoen. Dat war zu Arosa an der Schwäiz. Et ass entspanend, mat der Famill an de Bierger ze wanderen an nei Energie ze tanken.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Ech si frou, Moies nach kennen d’Zeitung ze liesen. Et mierkt een awer, dass villes online ass an et ass ee bal gezwongen, sech iwwert dee Wee iwwert den daily business ze informéieren.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Mam Alter verännert een sech. Fréier konnt ech bis 12 Auer schlofen, dat geet elo net méi. Elleng scho wéinst mengem Meedche stinn ech elo ëmmer fréi op.

Katz oder Hond?

Ganz kloer Kaz. Mir hunn e Kueder, deen ufänkt al ze ginn. Ech hunn ëmmer Kaze gehat a fannen se vum Wiesen hier ganz intressant.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Béides ass flott. Ech drénke gäre Moies e Kaffi, ech ginn awer grad sou gär Mëttes gutt iessen an och de Mëttesdësch mat der Famill hunn ech gär. Do iessen ech da besonnesch gär Zaloten.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Chrëschtdag. Et ass eng flott Geleeënheet, d’Famill rëm ze gesinn. An et huet een dann nach e puer
Feierdeeg virun sech.

 

Philippe Trierweiler
Alter: 44 Joer
Beruff: Schoulmeeschter
Partei: CSV
Wunnuert: Jonglënster
Gemengeconseiller zanter 2022