Mike Hagen Site

Entweder/Oder mam Mike Hagen

Publié le 30/05/2022

Musek oder Sport?

Ganz kloer Musek. Ech loossen den Dag owes eigentlech ëmmer mat Musek auskléngen, fir ze entspanen an e bëssen erofzekommen. Sport war gutt a menger Jugend, hautzedaags ass dat awer net méi sou ugesot.

Theater oder Kino?


Éischter Theater. Ech hunn Saache gär, wann se live sinn a wou och mol Imprevuë kéinten dotëscht kommen. Dofir hunn ech dat léiwer wéi de Kino.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?


E Buch liesen, well ech hunn iwwerhaapt keng Televisioun. Bei engem Buch fannen ech, kann ee méi Fantasie hunn a sech seng eegen Zenarie molen. Op der Televisioun oder am Kino kriss de alles direkt an den Dekor gesat. Dat ass net sou menges. Ech liese ganz vill Biografien, a politesch Theme sinn eigentlech ëmmer ugesot.

Häerz oder Kapp?


D’Häerz muss dem Kapp soen, wéini e soll entscheeden. Well wann een eng Entscheedung treffe muss, sollt een dat mam Kapp maachen. Decisiounen aus dem Häerz eraus ginn oft net gutt aus. Et brauch een awer trotzdeem eng gewëssen Affinitéit zu engem Thema, fir eng gutt Decisioun kennen ze huelen. Dofir spillt d’Häerz och eng Roll.

Summer oder Wanter?


Kloer Summer. Ech si vill dobausse vu menger Aarbecht hier. Am Summer sinn d’Deeg méi laang an et ass alles gréng an an Aktioun. Am Wanter ass alles e bësse méi traureg.

Bierger oder Plage?


Dat ass schwiereg. Ech si ganz gäre beim Waasser. Dat kann d’Mier sinn, awer och e Biergséi oder e Waasserfall. Dat wichtegst Element fir ze entspanen a Rou ze hunn, ass fir mech d’Waasser. Ech sinn oft beim Vierwaldstättersee an der Schwäiz.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?


Elo ganz kloer Onlinemedien. Ech hunn keng klassesch Zeitung méi abonéiert. D’Onlinemedie sinn zu all Zäit disponibel a ginn och méi schnell ugepasst. Et ass ee méi séier um aktuellste Stand.

Fréi opstoen oder laang schlofen?


Ech sti fréi op a notze gären de ganzen Dag. Et kennt net oft fir, dass ech laang schlofen.

Katz oder Hond?


Éischter Hond. Vu klengem un hate mir ëmmer Hënn an der Famill. Elo hunn ech zwar och Hond a Katz, mee d’Häerz schléit éischter fir den Hond.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?


Am Beschte béides kombinéieren. Dat Wichtegst ass, dass een d’Iessen zu engem agreabele Moment mécht, an dass dat net ëmmer an enger Hetz ass. Et soll een sech Zäit huele fir ze iessen a mat Leit zesumme sinn, mat deenen ee wärenddeem diskutéiere kann.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?


Neijoerschdag. Do ass ee mat Frënn ënnerwee. Chrëschtdag ass jo traditionell méi e Familljefest, an de leschte Joren awer méi zu enger Kaddosorgie verkomm. Neijoerschdag ass den Ufank vun eppes Neies, dat ass fir mech e méi wichtegen Dag.

 

Mike Hagen
Alter: 53 Joer
Beruff: Employé beim Staat, am Naturmusée
Partei: LSAP
Wunnuert: Jonglënster
Gemengeconseiller zanter 2002