DSC_0584

Entweder/Oder mam Christiane Degraux

Publié le 15/04/2022

Musek oder Sport?

Ganz kloer Sport. Ech sinn immens gären an der Natur a beweege mech gär. Deemno sinn ech zimmlech sportlech ënnerwee. Ech hunn läscht Joer iwwert 5.000 km zu Fouss gemaach. Natur a Beweegung halen ee fit – souwuel am Kapp wéi och kierperlech. Dofir well ech dat esou laang maachen, wéi et geet.

Theater oder Kino?

Kino. E Besuch am Kino ass ëmmer e besonneschen Owend a léiwer Begleedung vun engem Bekannten. Et huet och eppes, virun der grousser Leinwand ze setzen a net virun engem klenge Laptop, fir e Film ze kucken. Et verbënnt een dat einfach mat engem agreabelen Owend mat enger anerer Persoun.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

Ech liese léiwer e Buch. Do kann ech besser an d’Geschicht andauchen. Et gi vill Themen, déi ech mir selwer kann eraussichen. Ech hunn zwar net ganz vill Zäit fir ze liesen, maachen dat awer virun allem an de Vakanze gär. Ech liese queesch duerch all Rubrik – Romaner oder Fachbicher – deemno op wat ech grad Loscht hunn.

Häerz oder Kapp?

Kloer d’Häerz. Ech sinn e ganz sensibele Mënsch a schalten als éischt d’Häerz an. Ech fille gäre mat deenen anere Leit mat a mierken och direkt, wann et engem net gutt geet. Heiansdo wier et awer wuel besser, als éischt de Kapp anzeschalten.

Summer oder Wanter?

Summer, well ech d’Hëtzt an d’Sonn gären hunn. Ech sinn dann direkt en anere Mënsch, wann ech de bloen Himmel gesinn. Soubal et schéin dobaussen ass, ass et menges. Virun allem kann ech mech am Summer méi laang an der Natur beweegen, well et am Wanter moies méi laang an owes éischter däischter ass.

Bierger oder Strand?

Do well ech mech guer net decidéieren, well ech béides ganz gär hunn. Ech sinn ëmmer ganz vill am Mier tauche gaangen a sinn dofir mam Mier verbonnen. Am Moment ginn ech awer méi an d’Bierger, wéinst der Schéinheet vun der Natur a well ech do mäin Sport ganz gutt ka maachen, wéi ebe wanderen oder och klamme goen. An de Bierger maachen ech sportlech Vakanzen, um Mier maachen ech éischter Vakanzen, an deenen ech mech erhuele kann.

CDegraux

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Onlinemedien. Ech informéiere mech do ëmmer moies an owes, a siche mir dann dat eraus, wat mech wierklech intresséiert a wat grad aktuell ass. Hautdesdaags geet alles esou séier, dass d’Zeitung vu moies owes schonn net méi aktuell ass.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Ech sinn e Moiesmënsch. Ech sti gäre fréi op, dann hunn ech scho vill gemaach, ier den Dag iwwerhaapt richteg ugeet. Ech kann dann entweder Sport maachen oder Saache fir mäin Beruff oder d’Politik preparéieren.

Katz oder Hond?

Ech hat esouwuel eng Katz wéi och en Hond, elo awer net méi. Ech tendéieren zum Hond, well et en treit Déier ass, zu deem een eng méi intensiv Bezéiung kann hunn. En Hond huet och e Gespier fir de Mënsch, an et muss ee mat em an d’Natur goen.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Kaffi drénken. Dat ass wichteg, well ech mech wärenddeem informéieren a meng Rou hunn. Dat maachen ech meeschtens och eleng. Mëttegiessen ass éischter op der Aarbecht oder mat de Kanner, do huet ee manner Zäit fir sech.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Léiwer hunn ech Neijoerschdag. Op deem Dag kannech d‘Famill an d‘Frënn verbannen a gesinn. Mat laangjärege Frënn feieren ech gären an dat neit Joer eran an d’Kanner gesinn ech fir bei meng Mamm an d’Famill fir dat neit Joer wënschen ze goen.