DSC_5844 FPKopie

Entweder/Oder mam Anne Schroeder

Publié le 15/10/2022

Musek oder Sport?

Wann ech Filmer maachen, sinn dat ëmmer déi spannendst a kreativst Momenter, wann ech mat engem Museker zesumme schaffen. Do kann ech d’Emotioune mat Musek ënnersträichen. Musek ass fir d’Séil a Sport fir de Kierper. Musek ass a mengem Liewen am wichtegsten. Ech hat och eng Rei Museksinstrumenter gespillt, mee si leider fierchterlech onmusikalesch.

Theater oder Kino?

Déi zwee. Kino ass meng Aarbecht, déi ech mat vill Léift a Freed zanter 30 Joer maachen. Ech hunn all Dag mat Filmer ze dinn an hunn de Privileeg, eege Filmer oder Filmer, wou ech matgeschafft hunn, am Kino ze erliewen. Theater ass meng Passioun, wou ech och zwee oder dräi Mol am Mount higinn. Do kucken ech mir och all Zort vu Spektakel un, ausser Oper.

Televisioun kucken oder e Buch liesen?

E Buch liesen. Ech hat bis de Confinement en Haus voller Bicher, hunn dunn awer festgestallt, dass ech déi honnerte Bicher bis un d’Enn vu mengem Liewen net méi gelies kréien. Lo hunn ech eng Bibliothéik mat 60 Bicher, vun deenen ech d’Hallschent gelies hunn. Déi aner 30 sinn da fir deemnächst gelies ze ginn. Am Moment liesen ech Angstblüte vum Martin Walser.

Häerz oder Kapp?

Dat ass eng schwéier Fro. Als Gemengepolitiker ass et besser, mam Kapp ze decidéieren, och wann een en Häerzensmënsch ass. Dofir entscheeden ech mech fir de Kapp.

Summer oder Wanter?

Wann ee realistesch ass, gëtt et déi Fro gläich net méi, well da quasi ëmmer Summer ass. Perséinlech hunn ech de Summer léiwer, allerdéngs ouni ze vill Hëtzt. Mat Wantersport kann ech net vill ufänken.


Bierger oder Strand?

D’Waasser ass mäin Element. Ech sinn ëmmer gär op enger Plage, egal op dat um Stauséi, soss zu Lëtzebuerg oder um Mier ass. Am allerléifste reesen ech a Stied, déi um Mier leien, wéi Tel Aviv oder Tallinn. Do kann een d’Plage gutt mat Kultur verbannen.

Klassesch Zeitung oder Onlinemedien?

Ech sinn do ganz almoudesch a bliedere fir mäi Liewe gären am Pabeier. Dofir liesen ech nach gären déi klassesch Zeitung. Mir si souwisou scho vill ze vill online a virun engem Ecran.

Fréi opstoen oder laang schlofen?

Maache mir eis do näischt fir: Ab engem gewëssen Alter, also wann een eng 5 fir huet, decidéiert de Kierper, dass een net méi laang schlofe kann a fréi opstoe soll, fir vum Dag ze profitéieren.

Katz oder Hond?

Ech hu keng Hausdéieren, mee wann dann éischter Katzen. Déi si méi gemittlech. Fraen a Katzen hunn eng laang Geschicht, dat ass e schéint Bild.

Mëttegiessen oder Kaffi drénken?

Déi zwee zesummen, also Brunch. Dat huet och mam Alter ze dinn: Et verdréit ee Kaffi net méi gutt an d’Tendenz geet méi op e gesond Mëttegiessen.

Chrëschtdag oder Neijoerschdag?

Neijoerschdag. Dat huet mat der Illusioun ze dinn, dass een do nei ufänke kann. Wéi den Hermann Hesse scho sot: „Und jedem Anfang wohnt ein Zauber inne […].“ Éierlech gesot: Déi beschte Partyen, déi beschte Musek an dee beschte Sex huet een Neijoerschdag, a net Chrëschtdag.



Anne Schroeder
Alter: 51 Joer
Beruff: Filmregisseurin, Coordinatrice bei BTS Cinema
Partei: Déi Gréng
Wunnuert: Gonnereng
Gemengeconseillère zanter 2019