f78588

Départ vum SkodaTour Luxembourg zu Jonglënster!

Publié le 02/06/2022

Den Tour de Luxembourg kënnt op Jonglënster! De 14. September start déi zweet Etapp vun der internationaler Vëloscourse bei eis an der Gemeng.

De SkodaTour Luxembourg ass nieft dem ING Marathon an der Stad dat gréisste Sportevent zu Lëtzebuerg. International Medie begleeden d’Course, déi live op der Televisioun iwwerdroe gëtt. An iwwer 80 Länner gëtt den Tour de Luxembourg gewisen. 7,1 Millioune Leit hunn d’Course am Joer 2020 op alle Supporte vun der Sportschaîne Eurosport verfollegt, 161.000 waren et op rtl.lu. An de sozialen Netzwierker hunn eng 17.000 Leit d’Kanäl vum SkodaTour abonéiert - et besteet also vill Potenzial, fir Reklamm fir d'Gemeng Jonglënster ze maachen.

An de leschte Joren hunn Toppstare vum Vëlossport den Tour de Luxembourg gepräägt. Vincenzo Nibali, Thibaut Pinot, Joao Almeida, Nairo Quintana, Marc Hirschi, Diego Ulissi, Arnaud Démare oder och de John Degenkolb si Fuerer, déi net just de Vëlosfans sollte bekannt sinn.

D’Gemeng Jonglënster ass awer net just dëst Joer mat derbäi – mee och 2024 an 2026. A véier Joer soll eng Arrivée an der Gemeng stattfannen.

DSC01822

Andy Schleck, Romain Reitz (1. Reih), Benoît Theisen, Raphaël Schmitz, Ben Ries (2. Reih; v.l.n.r.)

Andy Schleck, President vum SkodaTour Luxembourg a Gewënner vum Tour de France 2010

"Mir wëlle mam SkodaTour an all Regioun vum Land present sinn. Jonglënster ass d’Haaptstad vum Osten. Et ass eng grouss Freed fir eis, der Gemeng kënnen eppes zeréck ze ginn. Et gëtt e schéinen Depart, well mir duerno och nach eng zweete Kéier wärend der Etappe zu Jonglënster passéieren. Dat ass am Interêt vum SkodaTour, mee och vun der Gemeng a vun de Supporter op der Plaz. D’Verbindung tëschent dem SkodaTour Luxembourg an der Gemeng Jonglënster besteet scho méi laang."

"Mir haten do 2018 en Depart, wou mer zu Rouspert net konnte fortfuere wéinst de staarken Onwierder. Do ware mir ganz frou, dass d’Gemeng Jonglënster eis kuerzfristeg hier Infrastrukturen zur Verfügung gestallt huet, fir den Depart do ze maachen. D’Relatioun zur Gemeng war deemno schonn ëmmer gutt. De Kontrakt ass net just op ee Joer baséiert, mee mir bauen op eng gutt Partnerschaft an eng gutt Relatioun mat der Gemeng Jonglënster och iwwert dëst Joer eraus. Mir fuere jo vill am Süde vum Land, wou mer mat der Streck e bësse méi limitéiert sinn. Jonglënster leit voll am Oste vum Land, beim Mëllerdall. Do ass och manner Verkéier wéi op anere Plazen, wat eis natierlech entgéint kënnt. A vu Jonglënster aus hunn mir all d’Optiounen, fir iwwerall kënnen hinzefueren. Dat gëtt e super Depart."


Romain Reitz, Buergermeeschter vun der Gemeng Jonglënster

"Mir sinn eng vun de gréissten Uertschaften am Oste vu Lëtzebuerg. Mir sinn eng Gemeng, déi a konstanter Entwécklung ass, wou et rapid viru geet. Fir eis ass et selbstverständlech, dass mir versichen, eise Bierger nei Saachen unzebidden. Dëst ass de Startschoss fir eng Partnerschaft vun e puer Joer mam SkodaTour. Mir wëllen de Leit eppes bidden. Jonglënster ass eng vëlosbegeeschtert Gemeng, an deem wëlle mir Rechnung droen. Jonglënster ass d’Dier zum Mëllerdall. De SkodaTour huet do d’Méiglechkeet, op hiwwelege Stroossen erop an erof ze fueren. Do kéinte ganz interessant Passagen derbäi sinn."


Ben Ries, Sportschäffe vun der Gemeng Jonglënster

"Mir si frou, sou en internationaalt Event op Jonglënster ze kréien an de Leit d’Chance ze ginn, d’Sportler vu ganz no kënnen ze gesinn. Normalerweis hunn mir an zwee Joer en zweete Start, an a véier Joer eng grouss Arrivée. Dat gëtt e super Event fir d’Awunner vun der Gemeng, awer och aus der ganzer Regioun. A vläicht kënne mir domat och de Vëlo promouvéieren a weisen, dass een och bei eis an der Gemeng gutt ka Vëlo fueren. Hei an der Regioun si fantastesch Landschaften, an intressant Passagen, Montéeën an Descenten, zum Beispill an der Buerg. Natierlech muss een nach kucken, wéi de genaue Circuit wäert ausgesinn. Mee landschaftlech a sportlech ass do vill Potenzial."