Highlight event

Projektioun vum Film "Eng Aerd"

Autres / 13.05.2022

Zu Lëtzebuerg hu mer Mëtt Februar schonn all d’Ressource verbraucht, déi d’Äerd eis fir ee Joer bereetstellt. Op Dauer ass et natierlech net méiglech méi ze verbrauchen, wéi eise Planéit eis bidde kann. Dofir brauche mir Iddien, wéi mer eis Ressource schounen an awer gutt liewe kënnen.

De Film „Eng Äerd“ weist Mënschen zu Lëtzebuerg, déi sech zesummen di fir mat vill Kreativitéit nei Weeër auszeprobéieren, fir méi sënnvoll a solidaresch mat eisen natierleche Ressourcen ëmzegoen.

Duerno diskutéiere mir zesummen iwwert de Film, Méiglechkeeten an eiser Gemeng an Är Iddien.

Weider Informatiounen an Umeldung: www.engaerd.lu

Date et horaire : 13.05.2022 19:00 - 22:00

Lieu : Centre culturel "Am Duerf", rue du village, Junglinster

Organisateur : Administration communale / Klimateam / Emweltkommissioun